AdipositasZu Lëtzebuerg hu knapp 10% vun de Jonken Iwwergewiicht

Pit Everling
Aus der Äntwert vun enger parlamentarescher Fro geet ervir, dass souguer e gudden Deel vun den iwwergewiichtege Jonken ënner Adipositas leit.
© AFP Archivbild

Dat äntwert d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert der CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt op hir parlamentaresch Fro.

Aus dem Ministère gëtt präziséiert, datt d‘Donnéeë vun de schoulmedezineschen Ënnersichunge fir d‘Schouljoer 2019/2020 net komplett sinn, dat wéinst der Pandemie.
Op Basis vun deenen Daten, déi een huet, kéint een awer eng Rei Constate maachen. 2019 waren am Fondamental 9,75 Prozent vun de Kanner iwwergewiichteg, 2020 waren et 9,91 Prozent. Änlech Zuele fanne mer fir de Secondaire. Do waren et virzejoert 9,07 Prozent an d‘lescht Joer dunn 9,35 Prozent. 2020 hate 4,15 Prozent vun de Kanner am Fondamental extreemt Iwwergewiicht, also Adipositas. Déi Zuel blouf par Rapport zu 2019 stabel.

Bei de Lycéesschüler ass den Taux vun 2019 op 2020 eropgaangen, vu 5,25 Prozent op 7,48 Prozent.
Déi lescht 10 Joer wier allgemeng eng liicht Hausse vun iwwergewiichtege Kanner ze constatéieren.
Et géif op alle Fall keng exponentiell Hausse ginn, präziséiert de Ministère.

Am Fondamental géif ee feststellen, datt den Taux vun iwwergewiichtege Kanner mam Alter an d‘Luucht geet.
Am Cycle 1 si ronn 3 Prozent vun de Kanner betraff, am Cycle 4 sinn et 6,39 Prozent. Dat selwecht kann am Secondaire observéiert ginn. An der Period 2018-2019 louch den Taux vun iwwergewiichtege Schüler op 7ième bei 8,69 Prozent, bei den 3ième-Klasse waren et 10,84 Prozent. Wat d‘extreemt Iwwergewiicht ugeet, si 4,68 Prozent vun de 7ième-Schüler betraff, bei den 3ième-Schüler si 7,8 Prozent concernéiert.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Nancy Kemp-Arendt

Back to Top
CIM LOGO