
Wéi sech kuerz drop erausgestallt huet, stoungen, wéi een op de Biller gesäit, e puer Gefierer um Parking vun engem Busdepot a Flamen. Sechs Busse solle betraff sinn. D'Busser gehéieren zur Entreprise Sales-Lentz.

D'Pompjeeë ware séier op der Plaz. Eng 50 Mann waren am Asaz, fir d'Feier ze läschen. Dës koumen aus den Zentere vu Clierf, Housen, der Nordstad, Pëtschent, Wolz a Wëntger. Op der Plaz war och nach eng Ambulanz vun Ëlwen. Éischten Informatiounen no ass de Brand bei engem Bus lassgaangen an ass dunn op déi aner iwwergaangen.
Kuerz no 23 Auer war de Brand ënner Kontroll. En Deel vun der Hal wier och vun de Flame betraff. Aus där konnten eng 10 Busser evakuéiert ginn.
Kengem ass eppes geschitt. Wéi d'Feier ausbrieche konnt, ass zu dësem Ament nach net gewosst.
Op Nofro bei der Busentreprise war et d'Informatioun, dass een aktuell keng Problemer huet op Ersatzbusser zeréckzegräifen, well nach kee Schoultransport amgaangen ass.