Rumeur confirméiertZu Esch wäerten direkt zwou Post-Agencen hir Dieren definitiv zoumaachen

RTL Lëtzebuerg
Entspriechend Rumeuren huet den Deputé-Maire Georges Mischo dem Tageblatt um Mëttwoch am Kader vun der Budgetspresentatioun confirméiert.
© Domingos Oliveira

Deemno mécht d'Post hir Agencen zu Lalleng respektiv an der Bielesser-Strooss komplett zou. D'Gebai zu Lalleng gehéiert der Escher Gemeng, wou eng 100.000 Euro investéiert ginn, fir an dësem Gebai e Büro fir sozial Froe vun eelere Leit ze schafen.

Nieft de Post-Shoppe bleift deemno nëmmen nach een eenzegt grousst Post-Gebai mat Guicheten am Zentrum vun der Minettemetropole.

PDF: Schreiwes ULC

Back to Top
CIM LOGO