
2 Leit goufe schwéier blesséiert. Eng Automobilistin, déi virun den 3 Motorrieder gefuer ass, wollt ofbéien an d'Motocycliste kruten net méi mat Zäit gebremst a sinn aneneegerannt. Den 3. Motocyclist konnt auswäichen an ass gefall, gouf awer dobäi net blesséiert.
Op der Escher Autobunn Richtung Stad war et um 14.50 Auer een Accident tëscht engem Auto an engem Motorrad, eng Persoun gouf blesséiert.
De CGDIS mellt eng ganz Rei Accidenter. Zu Réimesch an zu Eschduerf sinn e Freideg den Owend all Kéiers zwee Autoen net laanschtenee komm. Zu Réimesch gouf dobäi eng Persoun blesséiert an zu Eschduerf zwou.
Zu Hesper ass e Motocyclist op der Diddenuewener Strooss vun engem Auto ugestouss ginn, eng Persoun gouf liicht blesséiert.
Géint 23 Auer war zu Péiteng en Accident mat engem Gefier, och hei gouf et ee liicht Blesséierten.