Mat engem MesserZu Beetebuerg hu 4 Brigangen 2 jonk Männer an hirem Auto iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
Um Parking an der Rue de la Briquetterie goufen um Méindeg um 22 Auer 2 Leit an hirem Auto iwwerrascht, menacéiert, gewiergt a beklaut.

D'Brigange hu sech mat Suen, 2 Handyen, enger Auer a Kleedungsstécker duerch d'Bascht gemaach.

D'Police sicht 4 jonk Männer ëm déi 20 Joer al:

1. Däischter Hautfaarf, schlank, däischteren Hoodie mat wäisser Opschrëft
2. Däischter Hautfaarf, schlank, 1 Meter 90, groen Hoodie, wäiss Posch an e Rucksack
3. Däischter Hautfaarf, schlank,1 Meter 80, Rasta-Hoer, däischtere Pullover mat wäisser Opschrëft
4. Wäiss Hautfaarf, korpulent, schwaarze Pullover

All Info ass fir d'Police Diddeleng um 244691000.

Back to Top
CIM LOGO