
Zougang fir Auslänner bei Gemengewale matzemaachen, muss vereinfacht ginn
Um Beispill vum Referendum zu Sandweiler géif ee gutt gesinn, datt d'Gesetzer zu Gonschte vun den auslännesche Bierger misste geännert sinn, seet d'Presidentin vun der Asti.
D'Fuerderung ass keng nei: Auslännesch Bierger, déi zu Lëtzebuerg wunnen, ob aus der EU oder net, sollen net musse 5 Joer waarden, fir sech kënnen an eng Wallëscht anzedroen. D'Presidentin vun der Asti Laura Zuccoli: "Dobäi si mir an Europa, wat EU-Bierger ubelaangt, déi eenzel nach eng Clause de résidence verlaangen. An all den anere Länner kann ee sech direkt aschreiwe goen, et ass een direkt op der Lëscht fir d'Gemengewalen, wann een an d'Land anzitt."
Bei engem Referendum kënne just déi auslännesch Bierger vun enger Gemeng matstëmmen, déi och op der Wallëscht stinn. Fir kënne matzewielen, mussen dës Persounen awer en plus 87 Deeg virun dem Referendum oder de Walen ageschriwwe sinn: "An dat fanne mer disproportionéiert a mir fannen, datt déi Durée misst zréckgeschrauft ginn. Am Fall vu Sandweiler war den Delai tëscht deem Moment, wou decidéiert gouf a wou gewielt gouf, ze kuerz!"
An der Belsch zum Beispill wier deen Delai vill méi kuerz: "A mir si ganz iwwerrascht doriwwer. Well wann ee Lëtzebuerg gëtt oder 18 Joer gëtt, da besteet déi Konditioun net. Mir verstinn net, wisou de laangen Delai vu 87 Deeg do ass!"
Soulaang keng gesetzlech Ännerunge kommen, missten déi concernéiert Bierger op hir Rechter opmierksam gemaach ginn an net zécke sech direkt op d'Wielerlëschten an hire Gemengen anzeschreiwen. An och d'Gemenge selwer sinn der Presidentin vun der Asti no gefuerdert, d'Bierger z'informéieren an ze sensibiliséieren.