PoliceZeienopruff no Accident op der A13

RTL Lëtzebuerg
E Freideg koum et géint 14.20 Auer op der A13 a Richtung Schengen op der Héicht Diddeleng/Biereng zu engem Accident tëscht dräi Autoen.
© RTL-Grafik

D'Persounen an de Gefierer sinn net blesséiert ginn, ma et ass grousse Materialschued entstanen.

Fir erauszefannen, wéi den Accident geschitt ass, ginn all d'Persounen, déi an dësem Zesummenhang Informatiounen hunn, gebieden, sech bei der Police iwwert den 113 oder per Email upr.sia@police.etat.lu ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO