Méiglech BrandstëftungZeienopruff am Fall vun engem Bagger a Brand um Parking beim "Breicherwee"

RTL Lëtzebuerg
E Freideg, den 19. Mäerz, ass enger Persoun géint 18.50 Auer e Bagger laanscht der N10 opgefall, dee versicht gouf, a Brand gesat ze ginn.
© RTL

Wéi aus dem Police-Bulletin ervirgeet, konnt de Brand wuel vun engem opmierksamen Automobilist geläscht ginn, éier d'Maschinn sou richteg Feier fänke konnt.

Bei der Persoun, déi gehollef huet, handelt et sech ëm e Mann Mëtt 30, dee Lëtzebuergesch geschwat huet a mat engem donkelgréngen oder bloe Land Rover vum Modell 110 mat engem wäissen Daach ënnerwee war, eventuell mat Lëtzebuerger Placken.

Dës Persoun ass gebieden, sech bei der Police ënnert der Nummer (+352) 244 601205 oder dem 113 ze mellen.

Weider Hiweiser am Zesummenhang mat engem groe Pkw-Kombi, deen zu dësem Zäitpunkt a Richtung Baggerweier/Biodiversum ënnerwee war, si fir d'Police.

Back to Top
CIM LOGO