Chauffer zu Käerjeng erwëschtZe dacks trotz Fuerverbuet ënnerwee, elo festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, hu si en Dënschdeg kuerz no 18 Auer e Mann festgeholl, deen hinne scho méi dacks negativ opgefall ass.
© RTL Archivbild

De Chauffer war eng weider Kéier trotz Fuerverbuet mat engem Auto ënnerwee. A well de Beamte säi Behuelen am Gediechtnes bliwwen ass an hien donieft och nach refuséiert huet, aus dem Won ze klammen, gouf Verstäerkung geruff.

Zesumme krute si de Mann dozou, erauszeklammen an op Uerder vum Parquet gouf hien doropshi festgeholl. Hie koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter. Den Auto gouf séchergestallt.

Back to Top
CIM LOGO