
Um 13:20 Auer ass zu Bouneweg an der Rue des Legionnaires eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn.
Nëmmen 10 Minutte méi spéit ass zu Téiteng an der Rue Neiwiss eng Persoun vun engem Scooter matgeholl ginn.
Um 15:40 Auer gouf et weideren Tëschefall an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte zu Diddeleng, wou eng Persoun vun enger Aarbechtsmaschinn vun engem Schantjen ugestouss gouf.
All Kéiers gouf jeeweils eng Persoun verwonnt.
E weidere Blesséierte gouf et kuerz no 15 Auer, wéi op der Streck tëscht Steebrécken a Biergem zwee Autoen anenee gerannt sinn.
Bei engem Bëschbrand um Briddel an der Rue des Bouleaux ass kengem eppes geschitt.