AAP bedauertWisou gi Giischtercher net och prioritär geimpft?

Monica Camposeo
Et wier net ze verstoen, dass d'Personal am Prisong net och - esou wéi d'Detenuen - prioritär geimpft gëtt, bedauert d'Associatioun vun de Giischtercher.
Kritik wéinst Impfungen am Prisong
Et wier net ze verstoen, dass d'Personal am Prisong net och - esou wéi d'Detenuen - prioritär geimpft gëtt, bedauert d'Associatioun vun de Giischtercher.

Wéi an engem Fleege- an Altersheem hunn och si enke Kontakt mat de Bewunner, mee och mat hirem Ëmfeld baussent dem Prisong. Wéi grouss ass d'Gefor fir d'Detenuen, d'Personal an de Fonctionnement vun der Struktur? D'Monica Camposeo huet nogefrot.

Impfung Giischtercher/Reportage Monica Camposeo

Bis ewell wier ee gutt duerch d'Pandemie komm, ma e Prisong ka seng Dieren net einfach zoumaachen, wann et en ze grousse Personalausfall gëtt, seet de President vun der Giischtercher-Associatioun Samir Djennas:

"Mir fannen dat e bëssen iwwerraschend, wéi déi Entscheedung geholl ginn ass, well fir eis ass et net logesch, d’Leit no beruffleche Krittären ze impfen. Well et si vill verschidde Corps de métiers, déi op enger Plaz schaffen, dowéinst versti mir net, wisou déi eng virgeholl ginn, well mir hu jo all Kontakt ënnerteneen."

De Service médical a psychiatrique aus dem Prisong konnt scho geimpft ginn, well dës Persounen ënnert de Gesondheetssecteur falen. Mä de Kontakt mat den Detenue wier awer deen nämmlechten, dowéinst kéint een d'Entscheedung net verstoen.

"Et schaaft een eng Zwee-Klassegesellschaft, obwuel déi zwee an der nämmlechter Kummer déi nämmlecht Aarbecht verriichten. De Kontakt ass deen nämmlechten, dowéinst ass dat fir eis net ze verstoen. Ethesch fanne mir dat scho bal verwerflech, do en Tri ze maachen. Et misst opgehale ginn, no de Corps de métiers ze kucken, mee einfach, wou geschafft gëtt“, fuerdert de Samir Djennas. Et wier een och responsabel, fir d'Detenuen ze schützen, déi jo awer dacks duerch hire Vécu vulnerabel sinn. Och wa si ugangs Abrëll prioritär kënne geimpft ginn, ass nach laang net jidderee bereet, sech och impfen ze loossen. D’Giischtercher kéinten do mam gudde Beispill virgoen an d’Skepsis ënnert de Prisonéier kéint doduerch méi kleng ginn.

Ausserdeem schaffen d'Giischtercher och mat neien Detenuen zesummen, déi fir d'éischt nach mussen a Quarantän goen. Dës Detenue sinn dann och nach net geimpft. Och dowéinst fuerdert d'Associatioun vun de Giischtercher eng prioritär Impfung. Ronn 400 Persoune schaffen den Ament als Giischtercher, 250 Beamte schaffen an enkem Kontakt mat den Detenuen. Dobäi kënnt, dass d'Personal soll opgestockt ginn. Och dowéinst wier et wichteg, dat aktuellt Personal ze impfen.

Back to Top
CIM LOGO