
Fir ze kontrolléieren, ob sech wierklech un déi aktuell Mesurë vu Fermeturë vu Restauranten a Caféë gehale gëtt, ass vun e Méindeg un d'Police uechtert d'Land ënnerwee. Vun en Dënschdeg u ginn d'Leit, déi sech net un d'Verbueter halen, verbaliséiert.
Zu de Strofe krute mer vum Staatsministere dëst e Méindeg matgedeelt: Infraktiounen géint d'Reegelen, déi vum Gesondheetsministère bei enger Pandemie decidéiert ginn, kënnen zu enger Amende féiere vu 500 bis 10.000€, mä et riskéiert een och Prisong vun engem Mount bis zwee Joer.
Och hei nach eng Kéier de Rappell: Bleift doheem! Et soll ee sech net a grousse Gruppen treffen, sozial Kontakter reduzéieren an d'Haus just verloossen, wann et muss sinn, dat heescht, fir op d'Aarbecht, an d'Apdikt oder fir akafen ze goen.
RTL-Artikel: Op Grenzkontrolle mam Grand-Duché goufe bis ewell 680 Autoen ëmgedréint