CHLWichteg Operatiounen am Häerz-Zenter zu Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Zanter 20 Joer schonns gëtt et den INCCI zu Stroossen am CHL, besser bekannt als dat nationaalt Institut fir Häerzchirurgie an interventionell Kardiologie.
Wichteg Operatiounen am Häerz-Zenter zu Stroossen
Zanter 20 Joer schonns gëtt et den INCCI zu Stroossen am CHL, besser bekannt als dat nationaalt Institut fir Häerzchirurgie an interventionell Kardiologie.

Am Häerz-Zenter bekëmmere sech den Ament eng Ekipp vun 150 Leit ëm Patienten, déi Problemer mam Häerz hunn, dem wuel wichtegsten Organ an eisem Kierper. Hei ass et och, wou dat sougenannten "Häerz-Team" an den Asaz kënnt.

Dës Ekipp besteet aus 10 Leit, woubäi de Kardiolog interventionel zesumme mam Häerzchirurg d‘Leedung iwwerhëlt. Si féieren an dëser Kombinatioun virun allem TAVI-Operatiounen duerch. Dat sinn Operatiounen, wou per Katheter de Patient eng nei Häerzklapp agesat kritt. Am Häerz-Zenter schafft ee mat dëser Method zanter 2016. Déi ass nämlech vill manner invasiv fir de Patient wéi eng oppen Häerz-Operatioun, och wa sech déi, jee no Zoustand vum Patient, net ëmmer vermeide léisst. Dat ass virun allem bei eelere Patienten e Virdeel, well sech sou eng komplett Anästhesie vermeide léisst an de Patient wärend der Prozedur wakereg bleiwe kann a just lokal entschlof gëtt.  Ursaach fir eng Aorta-Stenos, wéi d‘Verengung vun der Aorta nach genannt gëtt, ass meeschtens den Alter. Bei de Leit iwwer 80 leiden 10 Prozent un enger Häerzklappeschwächt. Am Joer ginn hei zu Lëtzebuerg eng ronn 100 där Operatiounen duerchgefouert.

Back to Top
CIM LOGO