Fir d'Ausbreede vum Ueleg sou gutt et geet ze limitéieren an de Schuedstoff z'absorbéieren, goufen deemools an Zesummenaarbecht mam CIS an de Spezial-Ekippe vum NRBC Barrièren installéiert.

D'Pollutioun konnt dann och bis op der Héicht vun den Dëmpele bei der Rossmille gestoppt ginn. Zäitweis ware ronn 40 Pompjeeën am Asaz.
Op der Plaz war och d'Police a Leit vun der zoustänneger Ëmwelt-Administratioun.
An deem Sënn mécht d'Police dann och elo en Zeienopruff. Leit déi verdächteg Persounen an der Géigend gesinn hunn oder soss Informatiounen hunn, solle sech bei der Police vun Ëlwen um (+352) 244871000 mellen.
Bei Uewerkolpech: Atert no Brand a Biogasanlag an der Belsch verknascht