
Allkéiers ass jeeweils een Auto an den Accident involvéiert gewiescht, déi genee Ëmstänn ginn net beschriwwen:
Kuerz no 20 Auer gouf deemno eng Persoun op der A13 a Richtung Schengen, tëschent dem Rond-point Biff a Suessem verwonnt. Hei waren d'Secouriste vu Käerjeng, Péiteng a Suessem-Déifferdeng op der Plaz.
E weidere Blesséierte gouf et dann an der Nuecht op e Sonndeg kuerz no 1 Auer op der Nationale 2 tëschent de Rond-pointen Iergäertchen a Sandweiler, wou d'Rettungsdéngschter aus der Stad an dem Findel am Asaz waren.
Accident mat zwee Blesséierten dann un der Grenz zur Belsch bei Helzen. Hei waren d'Secouriste vun Ëlwen, Wëntger, Wolz an Ettelbréck op der Plaz.