
Hunn d’Spuerkeess an déi staatlech Investitiounsbank SNCI wëlles, hir Parten a verschiddenen Entreprisen, dorënner Paul Wurth, ze verkafen? Dat wëllen d’CSV-Deputéiert Laurent Mosar a Gilles Roth an enger dréngender parlamentarescher Fro vun de Finanz- a Wirtschaftsministere Gramegna a Fayot wëssen.
Den zwee Deputéierte wieren deementspriechend Informatiounen zougedroe ginn a si froen deemno eng Confirmatioun an Detailer iwwert méiglech Verkeef an och iwwert d’Investitiounspolitik vum Lëtzebuerger Staat an den Etablissements Publics.