DeflatiounWell d'Präisser falen, riskéiert d'Wirtschaft, an en Däiwelskrees ze rëtschen

Maxime Gillen
Déi meescht Autosfuerer hunn et scho bemierkt. Op der Pompel sinn d'Präisser déi lescht Woche massiv erofgaangen.
Deflatioun
Déi meescht Autosfuerer hunn et scho bemierkt. Op der Pompel sinn d'Präisser déi lescht Woche massiv erofgaangen.

Wie säin Tank elo wëll vollmaachen, dierft dat freeën. Ma Ekonomiste fäerten, dass sech dee Phänomen och op de Rescht vun der Wirtschaft ausdeent. Well falen d'Präisser alleguer, riskéiert d'Wirtschaft an e geféierlechen Däiwelskrees ze rëtschen. Wärend den Term vun der Inflatioun, also der Präisdeierecht, jidderengem geleefeg ass, kenne mir de Prinzip vun der Deflatioun dacks net. Ma duerch de Lockdown ass de Welthandel agebrach an d'Wirtschaft an eng déif Kris gerëtscht, déi um Enn och zu esou enger Deflatioun kéint féieren.

De Marc Wagener, Chef-Ekonomist, Chambre de Commerce:

Dee Repli, dee mir wäerten hunn, ass extrem dramatesch an Europa a weltwäit. E Réckgang an der Demande plus déi Situatioun vun de Rohstoffer a vläicht och eng gewësse Precautioun vun de Leit, well se einfach Angscht hunn: Wéi geet et weider? Hunn ech nach an e puer Méint eng Aarbecht? A wéi enger Situatioun komme mer erëm zeréck op d'Aarbecht? Iwwerlieft meng Entreprise, mäi Secteur? Etc. All déi dräi cumuléiert Effekter zesumme bréngen einfach eng grouss Deprimm.“

An déi Deprimm verstäerkt déi initial Effekter nëmmen nach méi. Well manner Demande respektiv méi niddreg Präisser bedeiten och méi Drock op d'Produzente fir hir Käschte kleng ze halen. Lescht Konsequenz: De Patron muss en Deel vu senge Leit virun d'Dier setzen.

An Amerika ass jo gesot ginn, den Trump mat senger Wirtschaftspolitik a senger Steierpolitik huet en Job-Wonner provozéiert. Et sinn 22 Milliounen Aarbechtsplazen entstanen an deene leschte puer Joer. Déi si bannent fënnef Wochen alleguer vernicht ginn. Just fir Iech ze soen, wéi drastesch déi Kris zougeschloen huet, einfach well mer decidéiert hunn – aus ganz verständleche sanitäre Grënn – fir d'Ekonomie souzesoe lahm ze leeën, Secteure lahm ze leeën an Ausgangsspären ze verhänken.“D'Konsequenze vun där Kris fänke mir esou lues och hei zu Lëtzebuerg seriö un ze spieren. No knapp sechs Woche Confinement geet et bei sou munchen Entreprisen an Independanten un dat Liewegt. D'Hëllefe vum Staat kënne sécherlech en Deel vun hinnen opfänken. Ma wéi et um Enn fir d'Ekonomie zu Lëtzebuerg a weltwäit virugeet, hänkt virop dovun of, wéi laang de Lockdown nach wäert daueren.

Alles hänkt dovun of, ob mir eng zweet Well kréien. Wa mir eng zweet Well kréien, mengen ech da si mer vun engem ekonomeschen a soziale Point de Vue wierklech an enger ganz, ganz déiwer Kris an dann ass et och esou, dass natierlech déi vill Suen, déi investéiert goufe vum Staat, Iwwerbréckungskreditter, Direkthëllefen etc, dass dat och nach weiderhi muss gestützt ginn, déi wirtschaftlech Aktivitéit.“

Experte ginn zwar dovun aus, dass de Wuesstem trotz dësen Efforte massiv wäert abriechen. Ma déi staatlech Ënnerstëtzung kéint awer d'Vertrauen an d'Zouversiicht vun de Leit stäerken, an esou verhënneren, dass d'Ekonomie an en negative Strudel vun enger Deflatioun ofrutscht.

Back to Top
CIM LOGO