GeriichtWéinst Bedruch - 18 Méint Prisong fir Polizist

RTL Lëtzebuerg
18 Méint Prisong, 12 dovu mat Sursis probatoire. Dat war d'Urteel um Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht géint en zanter 2014 suspendéierte Polizist.

Deen krut ënnert anerem wéinst Bedruch de Prozess gemaach. D'Oploe bestinn an engem psychiatreschen oder psychologeschen Traitement vum Mann senger Spillsucht an an der Entschiedegung vun den Affer, déi sech op minimal 2.000 € de Mount belafe soll. 7 Parties civille kruten an deem Kontext eppes méi wéi 66.000 € Schuedenersatz zougesprach.

Et war dem Mann virgehäit ginn, tëscht 2009 an 2016 ëmmer nees versicht ze hunn, fir Leit Suen ofzeknäppen. Enger leschter Oplëschtung no hat de Mann ronn 260.000 € Scholde géintiwwer senge „Créancieren“.

Giischtje verurteelt / Kannerpornografie

Zu enger Prisongsstrof vu 6 Méint mat Sursis an zu enger Geldstrof vun 1.000 € gouf um Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht e Giischtje verurteelt. De Mann hat reprochéiert kritt, tëscht September 2009 a Juli 2017 Biller mat kannerpornografeschem Charakter consultéiert ze hunn. Hie soll doriwwer eraus en USB-Stick mat sou Material an de Prisong bruecht hunn. Et goung ëm 121 där Biller, déi hie besiess hätt an op deene Meedercher vu 5 bis 16 Joer waren.

Back to Top
CIM LOGO