
Och d'EU-Kommissioun huet elo extra séier d'Decisioun geholl, fir dëse Vaccin offiziell z'autoriséieren. Wat heescht dat fir Lëtzebuerg? Wéi vill Vaccinen huet de Grand-Duché iwwer d'EU-Kommissioun bestallt. D'Santésministesch Paulette Lenert huet dozou e Mëttwoch de Mëtteg weider Detailer ginn.
Den 18. Juni huet d'Lëtzebuerger Regierung e Vertrag mat der EU-Kommissioun ënnerschriwwen, fir d'Impfungen am Numm vun de Memberstaaten ze verhandelen. Pro Kaf, deen d'Kommissioun mécht, huet Lëtzebuerg d'Recht - op e pro Rata vun der Awunnerzuel gekuckt - 0,14 Prozent vun der globaler Commande vun de Vaccine kënnen ze kafen. D'Kommissioun huet bis ewell Verträg ofgeschloss fir 1 Milliard an 965 Milliounen Dosen ze kafen. Dat mat 6 verschidde Firmen, sou d'Paulette Lenert.
„A mir hu bei 5 een Zouschlag gemaach. Een Zouschlag, do gëtt et dann e gewëssenen Zäitpunkt, wou den Opruff kënnt an da muss ee sech positionéieren, ob een dann elo déi 0,14 Prozent dovu wëllt oder net. Mir hunn dat bis elo nach all kéiers gemaach, bei all Ufro, déi komm ass. Sou dass mer haut eben een Zouschlag gemaach hu bei AstraZeneca, Johnson&Johnson, Biontech/Pfizer, CureVac a Moderna."
Mat all den Akeef, déi ee bis ewell gemaach hätt, kéint een den Ament 1.120.716 Millioune Leit impfen.
„Zousätzlech hu mer och nach eng Kéier zougeschloe bei engem zousätzlechen Appell, dee fir Pfizer gemaach ginn ass vun der Kommissioun. Dat heescht d'Kommissioun selwer hat eng Optioun, fir eng 100 Millioune weider Dosen ze huelen. Déi Optioun ass gezu ginn a Lëtzebuerg huet sech och do positionéiert gehat, wat bedeit, dass mer do mat eisen 0,14 Prozent bei Pfizer nach eemol zousätzlech 55.000 Dose supplementär ze gutt hunn."
D'Ministesch huet dann awer direkt e puer Mol präziséiert, dass een duerch den Vertrag mat der Kommissioun Rechter, ma och Flichten huet. Et wär net erlaabt gewiescht, parallel zu der Kommissioun mat de Pharmaentreprisen ze verhandelen an dorunner hätt ee sech gehalen. D'Paulette Lenert hätt och kee Verständnis fir d'Kritik un der Strategie vun der EU-Kommissioun. Si géing gutt fannen, dass net alles op eng Kaart gesat gouf. Dass am Moment net vill Vaccin do wär, hätt mat der Produktioun ze dinn an net mat der Bestellung.

RTL-Artikel: "Vum Test- zum Impfweltmeeschter?" - Penurie vun Impfdosissen: Wien dierf bestellen?