Aus dem PolicebulletinBeamte pëtzen Drogendealeren, Abriecher a Mann, dee Leit mat Airsoft-Waff menacéiert huet

RTL Lëtzebuerg
An hirem Bulletin mellt d'Police eng Rei Virfäll aus deene leschten Deeg, bei deenen allkéiers Persoune festgeholl gi sinn.
© Laurent Weber

Schonn den 1. Mee géint 9:30 Auer hat eng Patrull an der Rue de la Gare zu Schieren eng Persoun observéiert, déi en Joint gefëmmt hat. Bei enger Persounekontroll konnten e Messer an eng kleng Quantitéit Haschisch fonnt ginn. Well d'Persoun schonn an der Vergaangenheet wéinst Drogenhandel verurteelt gouf, ass op Uerder vum Parquet hir Wunneng duerchsicht ginn. Well hei Boergeld a weider Quantitéiten un Haschisch fonnt goufen, gouf de Verdächtegen op Uerder vum Parquet festgeholl a e Samschdeg dem Untersuchungsriichter virgefouert.

E weidere presuméierten Drogendealer gouf dann e Samschdeg kuerz virun der Mëttesstonn zu Ettelbréck gepëtzt. D'Police hat hei an der Avenue Lucien Salentiny en Haus duerchsicht, dat wéinst dem Verdacht, datt sech hei eng Partie Drogendealer ophalen. Sur place goufe fënnef Persounen ugetraff, donieft goufen divers Drogen, Drogenutensilien, Boergeld an eng gréisser Zomm Falschgeld séchergestallt a beschlagnaamt. Vun de fënnef Persounen ass eng festgeholl ginn.

En drëtte presuméierten Dealer ass dann zu Bëttel festgeholl ginn, dat e Sonndeg am Nomëtteg. An der Strooss "Op der Knupp" war eng Tut mat Cannabis séchergestallt a beschlagnaamt dinn, dem presuméierte Proprietär säin Haus gouf doropshin och duerchsicht, et gouf awer näischt weider fonnt. Hie selwer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

E Sonndeg de Moien dann en Asaz fir d'Policebeamten aus der Stad: Géint 8:40 Auer war e Mann gemellt ginn, deen op der Place de la Gare Leit mat enger Waff menacéiere géif. Hie gouf festgeholl, déi presuméiert Waff huet sech als Airsoft-Waff erausgestallt a gouf beschlagnaamt.

Direkt dräi Brigange goufen dann an der Nuecht op e Méindeg festgeholl: Déi dräi Täter haten an der Rue Sigefroi zu Beetebuerg versicht, an en Haus anzebriechen, goufen allerdéngs vun den Noperen iwwerrascht. Déi Verdächteg si geflücht a konnte kuerz duerno vun der Police gestallt a festgeholll ginn.

Back to Top
CIM LOGO