
Virun 81 Joer ass den Zweete Weltkrich op een Enn gaangen. Réischt no der Defaite vun Nazi-Däitschland gouf d'Welt gewuer, datt eng 6 Millioune Judden a Konzentratiounslageren ëmbruecht goufen. Mëttlerweil gëtt et net méi vill Zäitzeie vum Holocaust. Fir datt d'Erënnerung un déi schlëmm Zäit net verluer geet, huet d'Uni Lëtzebuerg zesumme mam Zentrum fir politesch Bildung a weidere Partner de Projet "Living Memory" realiséiert.
An dee steet ganz am Zeeche vun der Oral history. Et goufen nämlech Interviewe mat enge 60 Zäitzeie gefouert. Et handelt sech dobäi ëm Persounen, déi den Holocaust respektiv d'Schoa zu Lëtzebuerg erlieft hunn. Wärend déi jéngste Persoun haut Mëtt 80 ass, huet déi eelsten 102 Joer. Am Ufank hätt sech eng Partie vun de Leit schwéier gedoen, fir hir Geschicht z'erzielen, mä dono wier awer jidderee frou gewiescht, et gemaach ze hunn, esou d'Blandine Landau, déi um Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History fuerscht.
A verschiddene Fäll hätt een och net vill méi laang waarden dierfen, fir den Interview ze féieren. "L'un d'entre eux en particulier nous a même dit : je n'avais jamais osé raconter tout ça, maintenant, grâce à vous, je vais pouvoir aller dans les écoles témoigner, et en fait il est décédé vraiment quelques semaines plus tard. Et du coup, son témoignage fait ce que lui aurait voulu faire. C'est‑à‑dire que lui, en tant que personne, n'est plus là, mais sa parole, son récit, eux, sont disponibles. Et c'est là où il y a le deuxième aspect du projet. C'est‑à‑dire qu’au‑delà de l'enregistrement pur, tous ces témoignages sont désormais — pour certains sur des plateformes publiques, pour d'autres sur des plateformes où il faut une autorisation pour accéder — mais qui sont quand même disponibles pour tous ceux qui le souhaiteraient."

Een Deel vun de Leit lieft haut nach zu Lëtzebuerg, ma déi meescht hu queesch uechter d'Welt eng nei Heemecht fonnt, sief et an aneren europäesche Länner, an Israel oder an den USA. Trotzdeem empfanne si nach ëmmer eng ganz staark Verbonnenheet vis-à-vis vum Grand-Duché, an dat, obwuel si an hir Familljen och vun der Lëtzebuerger Zivilgesellschaft dacks net just korrekt behandelt goufen.
"Tous parlent de leur enfance, de leurs amis, de la relation avec leurs voisins, de tout ça. Il y a évidemment des chapitres moins heureux, notamment liés à la question du retour et de la spoliation, qui reste aussi un sujet sur lequel j'avais travaillé précédemment. Mais en tout cas, pour la plupart, voire même pour tous les témoins qui ont parlé, ça n'a pas terni l'image du Luxembourg pour eux."
Net all d'Interviewpartner sinn iwwregens Judden, allerdéngs déi meescht. A wann ee vum Ëmgank mat der jiddescher Populatioun schwätzt, ass de Wee an d'Géigewaart net wäit. Opgrond vun den Entwécklungen am Noen Osten sinn och zu Lëtzebuerg Virurteeler vis-à-vis vu Judden nees méi present. Ma fir den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung Marc Schoentgen schwätzt de Projet méi grondsätzlech Froen un, déi iwwert de Konflikt am Noen Osten erausginn.
"Firwat gi Leit diskriminéiert, ausgeschloss, verfollegt, ewechbruecht bis hin zu, mir brénge se systematesch ëm? Dat si Saachen, déi iwwerall an der Welt geschéien. Dofir ass den historeschen Aspekt ass dat engt, mee wat zéie mer alles dorausser? Firwat mécht een eng Ausstellung iwwert Auslänner an der Resistenz, wou och jiddesch Leit an der Resistenz engagéiert waren, firwat mécht een esou eppes? Ma natierlech fir iergendwéi de Lien mat haut ze maachen, et ass jo net Geschicht, fir Geschicht ze maachen oder dat just an engem Geschichtsbuch ze hunn."
Et géing een d'Informatiounen aus den Interviewen dowéinst och an aner Projete afléisse loossen. Dat éischt konkret Beispill ass d'Buch "Betty. Die Geschichte eines jüdischen Mädchens", dat d'Geschicht vun der Betty Hirschbein erzielt, déi als klengt Kand zu Cinqfontaines war. D'Buch gëtt en Donneschdeg, de 7. Mee, an der Abtei Neimënster presentéiert an den Auteur Roland Meyer geet dono op eng Liestour a Primärschoulen.
Wien d'Zäitzeienaussoe vum Projet Living Memory kucke wëllt, kann dat deelweis iwwert Linken op der Internetsäit vum Zentrum fir politesch Bildung maachen. De Rescht vun den Interviewe kann ee kucken, wann ee sech um Campus vun der Uni Lëtzebuerg an de System aloggt.