
Eng Persoun gouf verwonnt, nodeems um Méindeg kuerz virun 00:30 Auer tëscht der Kockelscheier a Réiser en Auto gebrannt huet. D'Pompjeeën aus der Stad a vu Réiser waren am Asaz, grad ewéi d'Ambulanz aus der Stad.
3 weider Bränn
Um Sonndeg den Owend goufen et dann nach dräi weider Bränn, dat zu Welleschten, wou e Gaardenhaischen gebrannt hat, op der A3 Richtung Metz, wou e weideren Auto Feier gefaangen hat, an zu Reiler, wou et e Vegetatiounsbrand gouf. Hei mellt de CGDIS allerdéngs keng Blesséierter.