
Den Neie sollt fir de 40. Anniversaire vum Schengener Ofkommes d'lescht Joer am Juni fäerdeggestallt ginn. Dorausser ass awer näischt ginn. Et gouf net nëmme Verspéidungen am Bauplang, mee och de Budget huet vun 2,4 op ronn 4,5 Milliounen Euro misse gehéicht ginn.
De Michel Gloden, Buergermeeschter vu Schengen, schwätzt vun Adaptatioune vum Bauplang. Et hu weider Aarbechte misse gemaach ginn. Esou wier och de Budget an d'Luucht gedriwwe ginn.
Dat huet d'Oppositioun am Gemengerot zu Schengen natierlech net kal gelooss, och wann ee allgemeng dofir ass, dass den Tourismus an der Gemeng promovéiert gëtt, esou de Tom Bellion.
"Op där anerer Säit muss ee awer als Gemengerot, deen net Deel vun der Majoritéit ass, soen, dass et awer bedauerlech ass, dass dat elo e Joer méi laang gedauert huet wéi geplangt, dass et vill méi deier gëtt wéi geduecht a meng Fro, ass och einfach, wie bezilt dat do dann, wat et méi kascht?"
D'Äntwert ass einfach. De Lëtzebuerger Staat, deen de Projet finanziell zu 100 Prozent dréit. An dofir waart dat legendäert Schëff Prinzessin Marie-Astrid op hiren Asaz. Si ass no der Erneierung vum Europamusée an dem Bau vum neie Ponton dat leschte Puzzlestéck vun engem Projet, deen nach méi Leit op Schengen lackele soll.
"Dat hei ass jo eng Plaz, wou dann d'Schëff hi leie kënnt, op deem en immens wichtegen europäesche Kontrakt ënnerschriwwe ginn ass, an et ass immens oft, datt d'Leit heihinnerkommen a schwätzen da vun europäescher Politik, déi net gräifbar ass. An dee Kontrakt, deen hei zu Schengen ënnerschriwwe ginn ass, op deem Schëff. Dat ass wierklech gelieften europäesch Politik, déi gräifbar ass, well jiddweree betraff ass."
Eng Ausso, déi och bei der Oppositioun am Gemengerot zu Schengen ënnerstëtzt gëtt. Dofir trëfft ee sech dann och den 8. an 9.Mee bei zwou Manifestatiounen am Kader vum Europadag. Bis dohinner soll de Ponton definitiv fäerdeg sinn, éieren en da spéitstens Mëtt Juli offiziell ageweit gëtt.