Nationalen Zenter fir Affer vu GewaltBannent engem Joer goufe 400 Persounen en charge geholl

Marlène Clement
Déi Zuele goufen e Méindeg de Moie virun der Press presentéiert, dat am Kader vum éischten Anniversaire vum CNVV.
© Marlène Clement / RTL

Bannent engem Joer si bal 400 Persoune vum Nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt en charge geholl ginn. Also méi wéi een Affer vu Gewalt den Dag. 60 Prozent vun hinnen hunn déi lëtzebuergesch Nationalitéit. A 70 Prozent vun de Fäll koum et zu Gewalt an der Famill.

© Marlène Clement / RTL

Déi Zuele goufen e Méindeg de Moie virun der Press presentéiert, dat am Kader vum éischten Anniversaire vum CNVV. Zanter dem 1. Mee ass déi zentral Ulafstell fir Affer iwwerdeems ronderëm d'Auer op an et gouf eng Helpline en place gesat, déi och ronderëm d'Auer funktionéiert.

Back to Top
CIM LOGO