
Dat, well et e Virus ass, dee bis ewell kee kannt huet. En anere Virus, dee scho laang bekannt ass, an deen och Joer fir Joer erëm fir dausenden Doudeger suergt, ass d'Gripp.
Sollt et eng Kéier zu enger Pandemie vum Influenza-Virus kommen, wier Europa deels scho preparéiert. Déi europäesch Kommissioun, zesumme mat 15 Staaten, dorënner Lëtzebuerg, hunn nämlech en Accord mat der brittescher Pharma-Firma "Seqirus" gemaach, fir am Fall vun enger Grippe-Pandemie zesummen an a grousse Quantitéiten Impfstoff a Medikamenter ze kafen. Esou kéint séchergestallt ginn, dass genuch Impfstoff do ass an dass een dësen zu faire Präisser kritt, heescht et vun der Kommissioun.
Den Accord mat "Seqirus" hunn nieft der Kommissioun a Lëtzebuerg och d'Belsch, Kroatien, Zypern, Estland, Frankräich, Däitschland, Griicheland, Irland, Malta, Holland, Portugal, d'Slowakei, Slowenien a Spuenien ënnerschriwwen.
Nieft deem konkreten Accord mat der Pharma-Firma aus Groussbritannien, gëtt et awer och en allgemenge Kader-Accord. Iwwert deen Accord kënnen d'EU-Memberstaaten zesumme mat der Kommissioun am Fall vun enger grenziwwerschreidender Menace, wéi zum Beispill duerch e Virus, medezinescht Material kafen. Zesummen hätt een eng méi staark Verhandlungspositioun an et kéint ee besser Präisser fir d'Material aushandelen.
Sollt et also iergendwann e Vaccin géint de Coronavirus ginn, kéinten d'Kommissioun an d'Memberstaaten dësen dann och zesumme kafen, heescht et vun offizieller Säit.
"Seqirus" bezeechent sech selwer als Expert, wat d'Entwécklung an d'Produktioun vun Impfstoff géint d'Gripp ugeet. Et hätt een zwar bis ewell net mat Krankheeten aus der Coronavirus-Famill geschafft, ma et hätt een awer d'Expertise an d'Infrastruktur fir bei der Entwécklung a groussflächeger Produktioun vu Covid-19-Vaccinen a Medikamenter ze hëllefen, esou de Spriecher vu "Seqirus" op Nofro vun RTL.
