
Och ee Mount dono sinn zu Iechternach d'Spuere vum Héichwaasser net ze iwwersinn. Deen ee raumt nach de Rescht eraus, bei deem anere leeft de Ventilator, beim nächste gëtt schonn nei gegipst... Wien d'Halergaass erop trëppelt, gëtt sech séier bewosst, datt et nach wäert daueren, bis d'Liewen hei nees normal ass. D'Sauer huet villes futti gemaach.
Bei méi wéi enger Dose Commercë bleiwen d'Dieren zou, ënner anerem an engem asiatesche Restaurant: Et ass terribel, alles ass futti. D'Waasser stoung 1,60 Meter héich hei. Am Restaurant ass näischt méi, och d'Apparater an der Kiche si futti, seet eis de Patron, deen natierlech bedauert, grad elo an der Saison net kënnen ze schaffen an dat warscheinlech nach bis den Oktober. Et dauert nach 2 Méint, och fir nei Kichenapparater ze kafen. D'Restaurante bestelle lo all mateneen. Och mam Covid dauert et méi laang.
230 Leit waren de 15. Juli zu Iechternach evakuéiert ginn. E puer Leit konnten nach net an hiert Doheem zeréck, seet de Buergermeeschter Yves Wengler. Och d'Gemeng selwer gouf jo Affer vum Héichwaasser:
Den estiméierte Schued läit eleng fir d'Gemeng bei 5-6 Milliounen Euro. Eis Sportinfrastrukture si futti. Lo musse mer kucken, wéi mer iwwerhaapt eng Rentrée scolaire organiséieren.
Wat déi iwwerschwemmte Kläranlag ugeet, gëtt et gutt Nouvellen, si ass net ganz futti an déi elementar Funktioune kënnen nees assuréiert ginn. D'Héichwaasser huet Iechternach an der Héichsaison getraff.
Ech hunn héieren,um Camping, datt Touristen ofgesot hunn, well se net wollte stéieren. Dat ass gutt gemengt, mä déi, déi um Camping wäre frou, wa Leit géife kommen.
Et wier iwwregens eng Illusioun ze mengen, datt ee sou Héichwaasser ka vermeiden.
Et kann een awer Mesuren huelen. Eis Maueren a Pompele mussen iwwerpréift ginn, do ware puer Schwaachpunkten dran.
Zu Iechternach ass een awer frou iwwer déi grouss Solidaritéit. D'Gemeng huet via d'Spenden-Hotline eng 220.000 Euro konnte sammelen. Et wier alt dat, och wann de Schued natierlech bedeitend méi grouss ass.

Méi wäit erof op der Ënner-Sauer presentéiert sech kee bessert Bild. Och d'Gemeng Rouspert-Mompech war staark vum Héichwaasser getraff. Ënner anerem an der Uertschaft Bur stoung d'Sauer an de Stroossen. Dosende Privathaiser hu Schued gelidden, awer och Commercen.
Virun 3 Joer huet den Thomas Hansen zu Bur en Atelier opgemaach, fir Aueren ze reparéieren, plus Ausstellungsraum. Vill Auere vu Clientë konnt hie retten, allerdéngs wier de Schued immens, ënner anerem säi Schaff-Geschier an all déi antik Miwwele wiere futti. Vu senger Horlogerie war bei eisem Besuch e Mount nom Héichwaasser op alle Fall näischt méi iwwereg:
De Buedem huet sech gehuewen, den Estrich an d'Plättercher si futti. 3 bis 4 Méint muss den Atelier zoubleiwen.
Wéi ass et mat der Héichwaasser-Assurance? Där hätt hie keng gehat, erzielt eis den Thomas Hansen: Beim Site vum Atelier huet een net u sou eng Assurance geduecht. Ech hat och keng.
D'Gebai gëtt communautär genotzt an do gëtt et eng Versécherung fir d'Schied um Gebai. Wat de Schued u sengen eegene Saachen ugeet, do bleift den Thomas Hansen awer drop sëtzen. Trotzdeem gëtt hien net op, seet den Auermécher, dee frou ass iwwer d'Hëllefsbereetschaft, déi kënnt, och vum Staat.
E puer honnert Meter méi wäit ass de Buerer Camping. Hei hu mer en Totalschued, erzielt eis de Bedreiwer. Effektiv gesäit ee vun engem Camping net méi vill, déi zeg fix Strukturen, déi do stoungen, goufe schonn ofgerappt. De Camping gëtt vum Syndicat d'Initiative bedriwwen.
Eise Camping hat wierklech keng Chance. Deen huet huet missten zougemaach gi bis op Weideres. Lo musse mer kucken, fir als Gemeng en neie Projet ze maachen, deen Héichwaasser-konform ass. Déi ganz Situatioun muss op de Leescht geholl ginn, seet eis d'éischt Schäffin vun der Gemeng Stéphanie Weydert. Wéi et mam Camping zu Bur weidergeet? Hannert där Fro steet also e ganz grousst Fragezeichen.

De geneeë Schued huet d'Gemeng nach net chiffréiert. Och aner Installatioune si betraff: De Centre Polyvalent zu Bur. Do si se amgaang, de Sportsbuedem raus ze rappen an d'Installatiounen erofzehuelen. De Centre an d'Maison relais um Site kënnen net de 15. September nees a Betrib goen.
Och an den anere Sauerdierfer an der Gemeng gëtt et natierlech Schued.
Ganz frou ass d'Stéphanie Weydert awer iwwer d'Solidaritéit. 27 aner Gemengen hätte mat hirem Personal eng Hand mat ugepaakt, och vill Privatleit hätte gehollef.
Via d'ASBL "Rouspert-Mompech hëlleft" gi Sue gesammelt, fir de Bierger ze hëllefen.
Et géing ee sécher Léieren aus dem 15. Juli 2021 zéien. Ënner anerem sollen aktuell Projeten op de Leescht geholl ginn, fir ze kucken, ob se Héichwaasser-konform sinn.
