
An Zukunft muss ee "just" nach 10 an net wéi bis elo 15 Joer beim Staat schaffen, fir vum Statut vum Employé an dee vum Fonctionnaire wiesselen ze kënnen. Dat gouf e Mëttwoch de Moien unanime an der Chamber decidéiert. Et handelt sech dobäi ëm een Deel vum Accord salarial am ëffentlechen Déngscht. Zil wier et, ee méi attraktiven a moderne Staatsdéngscht ze schafen. Och wann d'DP de Gesetzesprojet matgedroen huet, huet de Gusty Graas awer dofir plädéiert, datt een d'Zäitspan, bis ee vun engem Statut an deen anere wiessele kann, an Zukunft net nach weider no ënnen upasse sollt.
"Mir wëssen, datt et net ëmmer sou einfach ass Leit ze rekrutéieren, déi wëlle Fonctionnaire ginn, well dat eben och mat Exame verbonnen ass. Lo kann een natierlech d'Fro stellen, ob d'Attraktivitéit vum Fonctionnaire am Endeffekt net méi kleng gëtt, well ee seet, ech kann no zéng Joer souwisou fonctionnaliséiert ginn, dann hëlt ee vläicht déi Strapaze vum Examen net onbedéngt op sech. Dofir mengen ech awer, datt mer lo eng gewësse Limitt erreecht hunn an deen Dossier net nach eng Kéier sollen opmaachen an nach eng Kéier sollen erofgoen, well soss kënnt déi Diskussioun ëmmer méi op."
Et gouf dann och vun e puer Säiten ugeschwat, datt op Drock vun der Chambre des fonctionnaires et employés publics d'Sproochkenntnisser, anescht wéi initial vun der Regierung virgesinn, net geännert ginn.