
No méi ewéi 5 Joerzéngte Memberschaft hunn déi Vereenegt Arabesch Emirater annoncéiert, fir op den éischte Mee de Pëtrols-Kartell Opec wëllen ze verloossen. D'Decisioun géif den Emirater hir laangfristeg Strategie an ekonomesch Visioun ënnersträichen, esou déi national Noriichtenagence WAM.
Och aus der Organisatioun Opec+, zu där weider Länner gehéieren, déi Ueleg fërderen, wëllt een demissionéieren. D'Strategie vun der Produktioun soll am Sënn vun den nationalen Interessie vum Land geännert ginn, heescht et vun Abu Dhabi. An hirer Zäit an der Opec hätte si zum Wuel vun Alle bedeitend Beiträg geleescht a grouss Affer bruecht, mee et wier un der Zäit, d'Ustrengungen op déi eegen, national Interessien ze konzentréieren, zitéiert WAM weider aus den Erklärung vun den Emirater.
D'Decisioun kënnt an engem Moment vu groussen Tensiounen am Noen Osten a vun extrem héijem Drock op de Pëtrolsmäert. 2019 war schonn de Katar ausgetrueden. Ënner anerem kritiséieren déi méi kleng Golf-Länner d'Leaderroll vu Saudi-Arabien. D'Vereenegt Arabesch Emirater waren am Kader vum Krich géint den Iran e puermol getraff ginn.