Eng onendlech GeschichtWéi geet et weider mat der „Petite Marquise“ zu Iechternach?

RTL Lëtzebuerg
Den aktuelle Commerce- a Logements-Projet ass wuel net méi wéi geplangt, ze realiséieren.

Eisen Informatiounen no kruten déi Leit, déi eng Wunneng reservéiert- a schonn ubezuelt haten, rezent e Bréif an an deem Schreiwe kréie si hir Suen zeréck proposéiert.

Wärend den Aarbechten um Chantier goufen am Buedem ënnert dem Gebai relevant archeologesch Decouvertë gemaach. Am Raum steet, datt de Site ënner Denkmalschutz kéint gestallt ginn, wat Konsequenze fir de Projet hätt. Déi Decisioun vum Kulturministère steet awer nach aus.

D'Gemeng hat d'Marquise vis-à-vis vun der Maartplaz am Joer 2017 fir gutt 3 Millioune kaf, fir do Wunnengen a Geschäfter ze realiséieren. De fréieren Hotel-Restaurant stoung zënter de 90er Joren eidel.

Back to Top
CIM LOGO