
Falls bei Manifestatioune Verstéiss géint déi sanitär Mesurë festgestallt ginn, gëtt d'Feststellung mëttels Avertissement Taxé, Convocatioun oder engem Protokoll gemaach. Dat äntwert de grénge Policeminister Henri Kox op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.
An der Äntwert steet weider: "Contrairement zu den allgemenge Behaaptunge wor an ass dëst systematesch e Fall bei deenen dote Manifestatiounen". Gemengt si Maniffe géint d’Covidmesuren, wou Participanten dacks kee Mask unhunn oder sech net un Distanzreegelen halen. Méi schwiereg wier d’Aarbecht fir d’Police doduerch, datt ënnert de Manifestante Leit sinn, déi "medizinesch certifiéiert Exemptiounen" hu par Rapport zum Port vum Mask.
