Och zu Lëtzebuerg hunn eis d'Stëbspartikelen aus der Sahara e Mëttwoch erreecht. Mee wat huet et iwwerhaapt domat op sech?
Et wier en typescht Phänomen fir dës Joreszäit, seet de Meteorolog Jörg Kachelmann. Wat geschitt? De Sand a Stëbs aus der Sahara gëtt duerch en Déifdrock iwwer Nord-Afrika vu staarkem Wand opgewierbelt an dee gëtt dann an Europa transportéiert.
"Der kommt nicht bodennah an sondern ist meistens in 2,3 oder 4 Kilometer Höhe."An der Reegel bleift de Stëbs och an der Luucht, kënnt just bis erof op de Buedem, wann et reent. Mee wéi annoncéiert sech dee Sahara-Stëbs dann iwwerhaapt?
"Normalerweise gehört dazu eine schlechte Wettervorhersage, weil die Modelle haben das nicht so gut drauf. Man sieht schon dass der Sahara-Staub kommt, aber er triggert auch große Mengen von dichten Schleierwolken. Wenn das Timing so ist, dass die Nacht klar ist, und dann die Sahara-Staubschicht mit den Schleierwolken kommt, dann wird manchmal der Tag 10 Grad kälter als sich das manche Wettervorhersager gedacht haben."
D'Sahara-Schleierwolleke géifen och anescht ausgesinn. "Wann nach Sand a Stëbs an der Loft wier, géif deen en Donneschdeg mam annoncéierte Reen erofkommen, huet de Jörg Kachelmann nach präziséiert.