
An och aus engem anere Projet gëtt näischt, nämlech datt sech soll an der Stad e Restaurant vun der Chaine "Buddha Bar" installéieren, dëst mellt de Paperjam.
Wéi et heescht, wier et den Haaptinvestisseur, e Fong aus Abu Dhabi gewiescht, deem säi Choix op en aneren Konkurrent gefall ass.
Deemno ass et weider onkloer, wat fir e Gastro-Konzept dann um Daach vum Royal Hamilius wäert Realitéit ginn. Paperjam no, eng Plaz, fir déi e Loyer vun 45.000 Euros, ouni Chargen, ze bezuele wier.