
D'CSSF wéisst näischt vun där Entreprise a warnt dowéinst och virun hirer Websäit "www.npinvestgroup.com". Wéi et vun der Iwwerwaachungs-Kommissioun vum Finanzsecteur heescht, hätt d'Entitéit keen Agrement, fir Investissementsservicer ze maachen.
Ausserdeem gëtt vum der CSSF preziséiert, dass d'société de droit luxembourgeois NP Invest S.à.r.l näischt mat deem Internet-Site ze dinn hätt.