Éischte Kéier zanter 2023EZB hieft Leetzëns ëm 0,25 Prozentpunkten

RTL Lëtzebuerg
D'Zënse ginn erop. D'europäesch Zentralbank huet en Donneschdeg decidéiert, hir Tauxen ëm 0,25 Prozentpunkten an d’Luucht ze setzen, fir d'Inflatioun ze bremsen.
© AFP/Archiv/Daniel ROLAND

Am ongewësse geopolitesche Kontext géing et der EZB no méi Risike ginn, datt d'Präisser weider klammen, ewéi datt d'wirtschaftlech Leeschtung géing zeréckgoen. D'EZB wëll sech och net op zukünfteg Decisioune festleeën. D'EZB ass déi éischt Zentralbank, déi an der Suite vum Ufank vum US-israeelesche Krich am Iran am Mäerz d'Zënsen eropgesat huet. Et ass déi éischt Hausse zanter September 2023.

Am mëttleren Zenario rechent d'EZB mat enger Inflatioun vun 3% an der Eurozon fir dëst Joer an 2,3% fir 2027. D'Zil ass 2%. Wat d'Croissance ugeet, leien d'Previsioune bei 0,8, respektiv 1,2%.

Mat der Decisioun vun en Donneschdeg geet den Taux fir Depote vu Privatbanke bei der EZB op 2,25% erop. D'Tauxen, dee Banke bezuele fir Sue bei der EZB léinen ze goen, klammen op 2,4, respektiv 2,65%.

Back to Top
CIM LOGO