
Am Kader vun de "Freisener Gespräche" huet d'Police zesumme mat der Douane an hiren däitsche Kolleegen aus Rheinland-Pfalz en Donneschdeg op der Aire de Wasserbillig vun der A1 virun allem de Schwéiertransport kontrolléiert. A 15 Fäll gouf et Verwarnungen: sechs Mol, well d'Rouzäiten net agehale gi waren, wärend bei néng Chaufferen onerlaabt Manipulatioun un hirem Tachygraphe festgestallt gouf.
Weider Strofe gouf et fir Iwwerluedung, glat Pneuen, schlecht geséchert Luedung, generellen Zoustand vum Gefier a feelend Markéierung a Pabeiere vun engem Convoi exceptionnel. Dräi Gefierer si vun der Police immobiliséiert ginn.