Kontroll zu Diddeleng37 Chauffere mam Handy um Steier erwëscht ginn

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg am Nomëtteg huet d'Police bei enger Kontroll zu Diddeleng vill Automobilisten erwëscht, déi wärend dem Fueren hiren Handy genotzt hunn.
Zu Diddeleng hat d'Police vill ze dinn.
© Police Lëtzebuerg

Tëscht 16:30 Auer an 18 Auer huet d'Police an der Lëtzebuerger Strooss zu Diddeleng kontrolléiert. Dobäi si 40 Chaufferen erwëscht ginn, déi eng Strof hu musse bezuelen.

A 37 Fäll haten Automobilisten iwwert dem Fueren hiren Handy am Gebrauch, wat jeeweils 250 Euro a 4 Punkte kascht huet. 145 Euro an 2 Punkte war ee Chauffer lass, well him de Pabeier vun der technescher Kontroll gefeelt huet.

Déi selwecht Strof gouf et bei engem aneren Automobilist, well e mannerjärege Passagéier de Gurt net richteg un hat. Well bei engem Gefier d'Spigelen net an der Rei waren, gouf et do eng Strof vu 74 Euro.

Ausserdeem konnt eng Persoun kee gültege Fürerschäin virweisen, een aneren huet eng Verzichtserklärung ënnerschriwwen, well seng elektresch Trottinett méi séier wéi erlaabt war.

Back to Top
CIM LOGO