Vogelwaarde an HollandAuto rennt a Grupp vu Cyclisten - dräi Doudeger, dorënner zwee Kanner

AFP
An Holland ass een Autoschauffer an e Grupp vu Cycliste gerannt. Dobäi sinn dräi Leit gestuerwen, dorënner zwee Kanner.
© AFP-Archiv

Véier weider Kanner, déi mam Vëlo op engem Schoulausfluch waren, goufe schwéier blesséiert an d'Spidol bruecht, wéi d'Autoritéite vun der Provënz Zeeland am Süde vum Land en Donneschdeg matgedeelt hunn.

Zum Accident koum et an der Géigend vum Duerf Vogelwaarde, net wäit vun der belscher Grenz. D'Grupp huet den Autoritéiten no aus 14 Kanner an zwee Betreier bestanen. Den Alter vun de Kanner ass aktuell nach net bekannt.

Back to Top
CIM LOGO