
De 5. Abrëll 2025 gouf am Virraum vun enger Bankfilial zu Péiteng eng gréisser Zomm Sue mat enger geklauter Bankkaart opgehuewen. An deem Kontext sicht d'Police no Informatiounen iwwer d'Persoun op dëse Fotoen.
Wien eppes iwwer d'Persoun weess, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Déifferdeng ze mellen, dat ënnert der Telefonsnummer 244 53 1000 oder via E-Mail u "Police.DIFFERDANGE@police.etat.lu".