EU Most WantedZënter 2023 verschwonnen: Ildikó Bódi wéinst Entféierung vu Kand gesicht

RTL Lëtzebuerg
D'Ildikó Bódi, déi vun de Lëtzebuerger Autoritéite wéinst ënnert anerem Entféierung vun engem Kand gesicht gëtt, steet elo op der Lëscht vun den "EU Most Wanted".
© Police

Wéi d'Police matdeelt sicht FAST Lëtzebuerg no der Ildikó Bódi, dat wéinst Entféierung vun engem Kand a wéinst e puer Fäll, wou si géint d'Suergerecht a Recht op Visitten, déi vun engem Geriicht festgeluecht goufen, verstouss soll hunn. Nodeems de gesetzleche Wunnsëtz vum Kand dem Papp zougeschwat gouf, ass déi ungaresch Fra am Dezember 2023 mam Kand verschwonnen.

Zënterhier konnt de Papp seng Roll als Elterendeel net ausüben an hat kee Kontakt méi mam Kand. Géint d'Bódi goufen duerfir en europäeschen an en internationale Mandat d'arrêt ausgestallt a si gehéiert elo zu den "EU Most Wanted".

Rezenten Informatiounen no solle Fra a Kand sech aktuell an Ungarn ophalen.

FAST Lëtzebuerg këmmert sech ëm d'Ermëttlunge bei gesichte Persounen a schafft enk mat dem europäeschen Netzwierk ENFAST zesummen.

Back to Top
CIM LOGO