
Wéi an engem Video, deen an de soziale Reseauen zirkuléiert, ze gesinn ass, gëtt de Xavier Bettel wärend enger Gespréichsronn zum Sujet "Humanity at the Helm: Building an AI Future that works for all" vun enger Fra am Public zur Participatioun vun israeeleschen Tech-Entreprisë gefrot. Wärend de Moderator vun der Debatt ze ënnersträiche versicht, datt d'Diskussiounsronn tëscht de Participanten op der Bün an net mat Spectateure gefouert gëtt, äntwert de Lëtzebuerger Ausseminister der Fra, hie wier sech de Protester baussent der Luxexpo bewosst. "Hir [der Aktivistin] gefält et net, datt mir israeelesch Entreprisen heihinner invitéiert hunn", sou de Xavier Bettel.
Weider verdeedegt de Minister d'Matabezéie vun israeelesche Firmen um NEXUS-Sommet domadder, datt et "keng Entreprisë fir d'Defense" wieren. "Alleguerten d'Israeelie wéinst hirer Regierung ze bestrofen" wier dat selwecht, wéi "alleguerten d'Judden auszeschléissen (...) Net alleguer d'Judde si schold un den Handlunge vun hirer Regierung", esou de Xavier Bettel weider, deen d'Fra dann och opfuerdert "roueg ze sinn".
De Lëtzebuerger Ausseminister a Vizepremier seet der Aktivistin zum Schluss dann och, si sollt "net de Feeler maache fir ze soen: Mir däerfen net mat Israeelien zesummeschaffen" ier en e Verglach mat der NS-Politik aus dem Zweete Weltkrich zitt, wéi d'Bevëlkerung opgefuerdert gouf, net bei Judden ze kafen. D'Aktivistin am Video äntwert, datt e puer vun de Start-uppen um Sommet effektiv mat der israeelescher Arméi zesummegeschafft hunn.
Wéi eis Kolleege vun RTL Today confirméiere kënnen, komme véier vun de Startuppen, déi um NEXUS-Sommet deelhuelen, aus Israel.