
Och no engem rezenten Urteel vun der europäescher Cour, wou franséisch Hotelsbetriber géint Airbnb geklot haten, geet d'Waarden op eng europäesch Direktiv iwwert den E-Commerce weider, deen d'Finalitéit huet, Wunnenge fir kuerz Dauer ze verlounen. An dorënner fält natierlech d'Locatiouns-Plattform Airbnb.
Eng Plattform, déi de Riichter vun der europäescher Cour no ënnert d'Direktiv aus dem Joer 2000 iwwert den E-Commerce fält an direkt also näischt mat de Servicer vun der Hotellerie ze dinn huet.
Firwat? Ma well et jo d'Leit, déi hir Wunneng verlounen, selwer sinn, déi iwwert d'Annoncen, de Präis vun der Wunneng an d'Disponibilitéite selwer decidéieren. Airbnb ass net Proprietär vun de Wunnengen a liwwert keng Servicer.
Och hei am Land gëtt deemno net speziell legiferéiert, bis datt eng europäesch Léisung am Kader vum Bannemaart fonnt ass - trei also och dem Riichter-Sproch, datt dat, wat Airbnb ubitt, keng kommerziell Aktivitéit duerstellt.
Dat ass de Stand mol vu Februar 2020, et sinn awer Aarbechten an de Ministèrë vun der Wirtschaft an de Classes Moyenne am Gaang, fir ze préiwen, ob eng juristesch Basis néideg ass, déi dann och natierlech steierlech Repercussioune fir Airbnb-Locatioune géif mat sech zéien.
Dat präziséieren d'Ministeren Etienne Schneider a Lex Delles op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun der grénger Deputéierter Semiray Ahmedova.