
Um fréie Mëttwochmoie goufen Abréch a verschidden Eefamilljenhaiser zu Buerschent gemellt. Éischten Informatiounen no hunn zwee Onéierlecher sech Zougang zu den Haiser verschaaft, konnten awer nach op der Plaz vun enger Policepatrull gestallt ginn.
Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee presuméiert Abriecher festgeholl a si virun den Untersuchungsriichter komm. Fir béid Männer gouf doropshin e Mandat d'arrêt ausgestallt.
Och an der Route d'Arlon zu Stroossen gouf um Mëttwochmoien en Abroch gemellt, dobäi soll den Täter sech zu där Zäit nach ëmmer am Eefamilljenhaus opgehalen hunn. Eng Policepatrull ass direkt op d'Plaz gefuer a konnt e Mann bannen am Haus virfannen.
Hie wollt d'Haus allerdéngs net verloossen an huet ugefaangen, op d'Beamten ze späizen. Dofir hu si him eng "Spuckschutzhaube" an Handschellen ugedoen. Och um Policekommissariat soll sech seng Kooperatiounsbereetschaft net verbessert hunn.
Bei enger Sich goufe verschidde geklaute Géigestänn fonnt, déi d'Police dem rechtméissege Besëtzer zeréckginn huet. Duerno gouf de presuméierten Täter op Uerder vum Parquet festgeholl. D'Spueresécherung vun der Police war och op der Plaz a weider Ermëttlunge lafen.
Zu engem weideren Abroch koum et an der Nuecht op en Donneschdeg an der Grand-Rue zu Ëlwen. Éischten Informatiounen no ass e Mann an eng Wunneng agedrongen an huet dobäi verschidden Handyen an e Laptop geklaut.
Hie gouf awer vun der Awunnerin gestéiert an ass geflücht. Eng Sich nom Verdächtegen ass an dësem Fall allerdéngs ouni Resultat bliwwen. Ermëttlunge goufen ageleet.