Attack an der StadTäter gräifen Affer un a klauen eng Goldketten

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet an deem Kader och elo Ermëttlungen an d'Weeër geleet.
Symbolbild
Symbolbild

E Samschdeg géint 23:20 Auer owes koum et zu engem Déifstall vun enger Goldketten an der Avenue Monterey an der Stad Lëtzebuerg. Dobäi hunn dräi onbekannt Täter d'Affer op de Buedem gehäit, him eng Goldketten ofgeholl a si kuerz drop geflücht. Am Laf vun den Ermëttlunge konnt ee Mann lokaliséiert ginn, op deen d'Beschreiwung vun engem vun den Täter passt. Kuerz drop konnten zwee weider Verdächteger festgeholl ginn.

Dës goufen op de Policebüro bruecht, weider Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO