Eng Fra mat IwwerzeegungenZu Peppeng erënnert elo eng Strooss un d'Elisabeth Kox-Risch

Chris Meisch
D'Elisabeth Kox-Risch gëllt als Galiounsfigur vun der Anti-Atombeweegung zu Lëtzebuerg.
© Famill Kox

An der Gemeng Réiser erënnert zënter e Mëttwoch eng Strooss un eng Fra, déi zu de bekanntste Perséinlechkeeten zu Lëtzebuerger an der Lutte géint d'Atomkraaft gezielt huet. Genee 100 Joer no hirer Gebuert, ass e Mëttwoch den Owend d'Elisabeth Kox-Risch zu Peppeng geéiert hunn.

Zu Peppeng erënnert elo eng Strooss un d'Elisabeth Kox-Risch - Rep. Chris Meisch

D'Elisabeth Kox-Risch gëllt als Galiounsfigur vun der Anti-Atombeweegung zu Lëtzebuerg. Et ass duerch hiren Engagement notamment, datt de Bau vun enger Atomzentral zu Rëmerschen verhënnert konnt ginn. Eng engagéiert Fra, Mamm, Politikerin a Biergerrechtlerin, déi sech schonn deemools net ënner kréie gelooss huet, an dat an enger Zäit, wéi dat nach net evident war, seet ee vun hire Jong, de fréiere grénge Minister Henri Kox.

"Dat huet eis och ugespornt, sech fir een Zil anzesetzen, an dat huet si iwwer all hir Joren, wou si Biergerinitiativ gegrënnt huet, wéi si probéiert huet de Mouvement grouss ze halen, och zu Cattenom huet si ëmmer gesot Et dierf een net opginn, et muss een ëmmer weiderschaffen, an ëmmer erëm dru gleewe fir eng Ännerung an der Gesellschaft ze bewierken, an dat war dat ganzt grousst Virbild wat ech vun hir zréckbehalen hunn.”

D'Elisabeth Kox-Risch gouf Presidentin vun der "Biergerinitiativ Museldall", déi 1973 gegrënnt gouf, eng vun den éischten groussen Anti-Atom-Beweegungen zu Lëtzebuerg. D'Beweegung huet sech duerno och géint déi franséisch Zentral vu Cattenom engagéiert. D'Elisabeth Kox-Risch huet Manifestatiounen organiséiert, Bierger mobiliséiert a sensibiliséiert, a matgehollef, eng breet gesellschaftlech Oppositioun géint Atomenergie opzebauen, erzielt den LSAP-Politiker an Historiker Sascha Pulli, deen e Buch iwwert d'Geschicht vun déi geplangten Atomzentral zu Rëmerschen geschriwwen huet.

“Virun allem ass et eng ganz wichteg Persoun gewiescht an där ganzer Beweegung, natierlech huet si mat der Zäit och vill Ënnerstëtzung krut, mee et muss een ëmmer festhalen, dass si déi Fra war, déi di ganz Beweegung initiéiert huet, déi um Ursprong war vun där Beweegung, an dofir hat si effektiv eng ganz wichteg Roll.” Als Mamm vun 11 Kanner a Bomi vun 27 Enkelkanner sollten hir politesch Iwwerzeegungen och déi nächst Generatioun prägen. Och deen vun hirer Enkelin Chantal Gary, déi an der leschter Legislatur fir déi Gréng an der Chamber souz.

“A menger Untrëttsried an der Chamber, ware meng Wieder, dass ech inspiréiert si vun enger ganz grousser, staarker an dynamescher Fra. An ech mengen dat ass eppes wat eis ganz Famill gepräägt huet, einfach dat Engagement vun enger Fra déi weiderhi politesch aktiv war an ëmmer en oppent Häerz fir jiddereen hat, sech fir den Ëmweltschutz agesat hat, dat ass wierklech eppes wat eis immens gepräägt huet an och esou weider liewen."

Fir de Réiser Éiere-Schäffen Raymond Becker, ass et wichteg u Leit ze erënneren, déi an eiser Gesellschaft eppes beweegt hunn. "Eppes beweegt hunn a Richtung Nohaltegkeet, eng besser Zukunft, a Richtung vu méi demokrateschem Mateneen, a Richtung vun engem gudden Zesummeliewen. Ech hunn si kennegeléiert als eng ganz dynamesch Fra, déi wierklech wosst ze iwwerzeegen duerch d'Aart a Weis, wéi si argumentéiert huet. Dat war enorm wichteg."

Am Asaz géint en Atomkraaftwierk zu Lëtzebuerg.
D'Elisabeth Kox-Risch war Presidentin vun der Biergerinitiativ Museldall.

De Projet vun der Atomzentral zu Rëmerschen gouf ni realiséiert. Fir vill Historiker markéiert dës Zäit och den Ufank vun der moderner Ëmweltbeweegung zu Lëtzebuerg.

Fir datt hir Geschicht och fir zukünfteg Generatiounen zougänglech bleift, kritt d'Stroosseschëld vun der Elisabeth Kox-Risch nach e QR-Code dobäi. Iwwer dee kënnen d’Leit direkt op zousätzlech Informatiounen iwwert hir Liewen zougräifen.

Keng Atomzentral op der Musel
Den Henri Kox kuckt op den Engagement vu senger Mamm zeréck.

Back to Top
CIM LOGO