
E Mëttwoch den Owend géint 22:20 Auer gouf eng Persoun an engem Park, net wäit vun der Place du Théâtre gemellt, déi Schnëttwonnen am Gesiicht an um Ënneraarm hat. Direkt e puer Police-Patrulle sinn op d'Plaz gefuer, fir nom Affer ze kucken. De Mann koum no enger éischter Kontroll op der Plaz an d'Spidol.
Éischten Informatiounen no besteet keng Liewensgefor fir de Mann. Eng Sich nom Verdächtege vun der Dot ass negativ verlaf. Ermëttlunge goufen ageleet.