Police sicht no ZeienZwee Männer spraye Pefferspray am Zuch a versiche Passagéier ze beklauen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg koum et kuerz virun 21 Auer zu engem Virfall an engem Zuch tëschent der Stad a Leideleng.
© Shutterstock

Wéi d'Police an hirem Bulletin mellt, hätten zwee jonk Männer Pefferspray am Zuch gesprayt an dobäi versicht, aner Zuchpassagéier ze beklauen. Dobäi soll eng Fra, déi deen Ament direkt vis-a-vis vun engem vun den Täter souz, fortgaange sinn, wéi de Pefferspray agesat gouf.

Dës Fra, sou wéi och aner Zuchpassagéier, déi Affer vum Pefferspray-Asaz, oder engem Déifstall, respektiv Déifstallsversuch gi sinn, si gebieden, sech beim Policebüro vu Capellen ze mellen, dat per Mail u Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu oder per Telefon op der Nummer (+352) 244 30 1000.

Back to Top
CIM LOGO