Frankräich steet ënner Schock: Zanter Deeg versammele sech all Owend Dausende vu Leit, fir un dat 11 Joer aalt Lyhanna ze erënneren – a gläichzäiteg géint dat ze protestéieren, wat vill als e massive Feeler vum franséische Justizsystem ugesinn.
Zu Saint-Jean-d'Angély, an der Géigend, wou d'Meedche gewunnt huet – mee och zu Paräis, Marseille oder Toulouse – goufen et grouss Manifestatiounen. Vill Demonstrante schwätze vun engem "Versoe vum Staat".
D'Lyhanna war Enn Mee verschwonnen. Aenzeien haten d'Meedchen nach viru senger Schoul an en Auto eraklamme gesinn. Leschten Donneschdeg gouf d'Meedchen dunn dout an engem ale Käre-Silo fonnt.
De Besëtzer vum Auto ass de Jérôme B., e Mann aus der Géigend, deem seng Duechter an déi selwecht Schoul gaange soll sinn ewéi d'Affer. Hie soll d'Famill kannt hunn an ass mëttlerweil an Untersuchungshaft a wéinst Mord ugeklot.
Besonnesch schockéiert d'Frankräich awer net nëmmen d'Dot selwer, mee virun allem dat, wat elo iwwer de presuméierten Täter bekannt gëtt. Géint de Jérôme B. solle scho laang virum Mord eng Rei Plainte agereecht gi sinn.
Ënner anerem geet et ëm Virwërf vu sexuellem Mëssbrauch an der Vergewaltegung vun engem mannerjärege Meedchen. Trotzdeem soll d'Justiz laang näischt ënnerholl hunn.
Franséisch Medie mëllen, datt de Mann net emol vun der Police convoquéiert gouf. Dat féiert elo zu massiver Roserei am Land.
"Et ass ze spéit", héiert een op ville Manifestatiounen. Fir vill Leit ass de Fall Symbol vun engem Justizsystem ginn, dee bei Gewalt géint Kanner verseet.
D'Kritik kënnt och vu Kannerschutz-Organisatiounen. D'Michele Creoff vun der franséischer Organisatioun "Union pour l'Enfance" stellt déi fundamental Fro: "Gëtt et iwwerhaapt eng national Strategie? Gëtt et iergendeen, deen all déi néideg Aktioune koordinéiert? Fir de Moment gesi mer näischt."
Zanter Jore gëtt et a Frankräich Kritik un enger iwwerlaaschter a lueser Justiz. Vill Dossiere géife sech iwwer Méint oder Jore zéien.
Besonnesch bei Gewalt géint Kanner wier d'Situatioun alarméierend, esou Aktivisten.
D'Regierung huet mëttlerweil reagéiert. Eng intern Enquête gouf ugekënnegt an iwwer 70.000 lafend Dossiere mat Gewalt géint Kanner sollen nach eng Kéier iwwerpréift ginn.
An Zukunft sollen esou Enquêten a maximal dräi Méint ofgeschloss ginn.
Och d'Spriecherin vun der franséischer Regierung, Maud Bregeon, schwätzt, am Numm vum President Macron, vu schwéiere Feeler: "Et ass evident, datt et massiv Dysfonctionnementer gouf. Elo muss gekläert ginn, wat déi individuell Responsabilitéit ass a wat déi systeemesch Problemer an de staatleche Servicer sinn."
De franséische Premierminister Sébastien Lecornu huet iwwerdeems ugekënnegt, d'Gesetz zum Kannerschutz, dat aktuell am Parlament diskutéiert gëtt, nach ze verschäerfen. An Zukunft kéinte Serientäter bei Vergewaltegungen u Kanner mat Liewenslänglech bestrooft ginn – amplaz wéi bis elo mat maximal 20 Joer Prisong.
Vill Aktivisten a Familljeverbänn geet dat awer net duer. Si fuerderen net nëmmen nei Kontrollen, mee eng déif gräifend Reform vum Kannerschutz a méi Mëttel fir Police a Justiz.