E vun de Secteuren an deem den Impakt vun der Corona-Kris mat am gréissten ass, ass dee vum Transport.
Enger Aschätzung vun der Europäescher Kommissioun no, sinn den Ament eng 80.000 EU-Bierger baussent de Grenze vun Europa blockéiert. Am RTL-Interview seet den Transportminister François Bausch, d'Regierung géif hëllefen, fir Lëtzebuerger, respektiv Resident zeréck an d'Land ze kréien. D'Rapatriement vun EU-Bierger an d'Solidaritéit ënnert de Staaten, war iwwregens eent vun den Themen am Nomëtteg, wéi d'Europäesch Transportminister am Kader vun enger Videokonferenz iwwer déi aktuell Situatioun beroden hunn.
Wat de Flughafen hei zu Lëtzebuerg ubelaangt, sou geet de Minister Bausch dervun aus, datt vun en nächste Méindeg un, am Passagéierberäich näitsch méi bougéiere wäert.
Anescht wäert d'Situatioun am Beräich Cargo ausgesinn. D'Europäesch Minister hu festgehalen, datt alles a Beweegung gesat muss ginn, fir dat den Transport vu Wueren net zesummebrécht. Eng Situatioun wéi déi op der Däitsch-Polnescher Grenz, wou Camionen iwwer 60 Kilometer am Stau stinn, misst deblockéiert ginn. Wat de Findel ubelaangt, sou steet d'Regierung a ganz enkem Kontakt mat der Cargolux, der Luxair, an de Gewerkschaften, fir dat d'Aktivitéiten am Cargozenter weider lafen. Dat trotz der Kris, genuch Personal bleift fir d'Cargofliger ofzelueden. Maschinnen déi ënner anerem och Medezinescht Material fir Lëtzebuerg transportéieren.
