
Zu Schraasseg sëtzen de Moment 446 Prisonéier, dorënner 20 Fraen: Déi Zuelen huet d'Justizministesch Sam Tanson bei enger Question élargie vum CSV-Deputéierte Léon Gloden zur Situatioun am Prisong genannt.
Visitten zu Schraasseg wäre vun der nächster Woch un nees dran, nodeems si wéinst dem Covid-19 net méi méiglech waren.
Wat d'Drogen am Prisong ugeet, war et d'Annonce, dass ënnert anerem eng Hondsstaffel soll mathëllefen, fir dee Problem aus der Welt ze schafen.
