ESC 2026Wéini leeft wat um Eurovision Song Contest?

Lea Schwartz
Wat sinn déi wichtegst Rendez-vouse fir den 70. Eurovision Song Contest? Déi verschidden Eventer ronderëm den ESC am Iwwerbléck.
D'Tester vun der Liichtshow op der ESC-Bün an der Wiener Stadthalle.
D'Tester vun der Liichtshow op der ESC-Bün an der Wiener Stadthalle.
© Foto von JOE KLAMAR / AFP

Spectateuren aus 70 verschiddene Länner, 95.000 verkaafte Ticketen a 35 Länner, déi untriede mam Wonsch, den Eurovision Song Contest ze gewannen. Den ESC ass de gréisste Museksconcours an Europa an och schonn déi Deeg virdrun ass vill lass an der Wiener Stadthalle.

Live vun der Plaz

Vu Wien direkt op Ären Ecran - Eng RTL Ekipp ass op der Plaz a mellt sech reegelméisseg eran. Um Radio, der Tëlee, de soziale Reseauen an RTL.lu ginn et déi ganz Woch iwwer Interviewen, Andréck vun der Ambiance op der Plaz an déi neisten Informatioune ronderëm den ESC direkt vu Wien.

Och Live vu Wien aus der Stadthalle wäert dëst Joer d'ESC-Warm-up-Sendung sinn. Um 20 Auer wäerten an dëser Sendung Experten, Sänger a Fans zu Wuert kommen. An eng ganz Partie Reportagë ronderëm den ESC gewise ginn. Um 21 Auer geet et da live virun mat der grousser Finall.

Halleffinallen a Finallen

Um Concours maachen dëst Joer 35 Länner mat. Fir déi grouss Finall de Samschdeg kommen 25 Länner virun. Sécher weider fir d'Finall sinn déi sougenannten "Big 4" (Däitschland, Groussbritannien, Italien a Frankräich). Spuenien gehéiert eigentlech och zu de Länner, déi automatesch viru sinn, si boykottéieren d'Kandidatur awer dëst Joer. Och Éisträich, déi d'lescht Joer mam JJ a sengem Lidd "Wasted Love" gewonnen hunn, sinn als Gaaschtland automatesch an der Finall.

Souwuel d'Halleffinalle wéi och déi grouss Finall gi vum Victoria Swarovski, dem Michael Ostrowski an dem Emily Busvine moderéiert. Fir de Lëtzebuerger Publik gëtt d'Emissioun zousätzlech op Lëtzebuergesch kommentéiert vum Raoul Roos an dem Roger Saurfeld, esou wéi schonn déi lescht zwee Joer. Dat Ganzt kann ee kucken um Éischten RTL oder um Livestream um RTL.lu.

Trailer vun eischter Halleffinall
Den Dënsdeg den 12. Mee trieden 15 Länner géinteneen un a just 10 Länner kommen an d'Finall.

Documentaire iwwert de Luxembourg Song Contest

Fir Lëtzebuerg trëtt dëst Joer d'Eva Marija mam Lidd "Mother Nature" un. Déi 20 Joer al Sängerin hat am Januar de Luxembourg Song Contest an der Rockhal gewonnen. Do huet hatt sech géint 7 aner Finalisten duerchgesat. Een Documentaire kuckt zréck op déi grouss Tëleesproduktioun am Januar. Den Documentaire "Luxembourg Song Contest 2026" leeft dësen Donneschdeg virun der Zweeter Halleffinall um 20 Auer um Éischten RTL.

Back to Top
CIM LOGO